Aktualiséiert den
"Zesummen opmierksam. Zesumme sécher": Start vun der Sensibiliséierungscampagne iwwer Zebrasträife
ThDe Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte lancéiert eng nei Sensibiliséierungscampagne mat Fokus op d' Sécherheet bei den Zebrasträife. D'Zil ass et, d' Opmierksamkeet vun de Verkéiersbenotzer*innen ze erhéichen.
"Eist Zil ass et, Accidenter, am Aklang mat der internationaler Strategie "Vision Zero", op eise Stroossen ze reduzéieren, dat gëllt och fir Zebrasträife. Et geet net nëmmen ëm Sensibiliséierung, mee virun allem ëm Verantwortung: d'Leit sollen sech bewosst fir en opmierksaamt Verhalen entscheeden an all Oflenkungen an der Ëmgéigend vun Zebrasträife vermeiden. Bleift opmierksam, bleift konzentréiert a kommt sécher do un, wou Dir erwaart gitt", ënnersträicht d'Ministesch fir Mobilitéit.
Infrastrukturen am Detail geduecht fir sécher Zebrasträifen an eng friddlech Mobilitéit
D'Sécherheet op Zebrasträifen hänkt staark vun der Qualitéit vun der Infrastruktur of. Eng sichtbar a sécher Gestaltung ass wichteg fir eng sécher Iwwerquéierung – zu Fouss, mam Vëlo, mat der Trottinett oder am Auto.
An dësem Kontext rifft d'Ministerin déi zoustänneg Autoritéiten dozou op, verkéiersberouegt Zone mat enger eenheetlecher Gestaltung, déi de Richtlinne vum Ministère entsprécht an eng kloer Visibilitéit fir all Verkéiersbenotzer*innen erméiglecht, an den héichfrequentéierte Géigenden ze schafen.
De Ministère ënnerstëtzt all d'Acteuren – Gemengen, Planer*innen an Expert*innen – bei der Schafung vun neien Zebrasträifen an der Optimiséierung vun de besteeënden.
D'Vulnerabilitéit vun de Foussgänger*innen ass e weesentlecht Sécherheetsuleies
Bei engem Zesummestouss hu Foussgänger*innen, am Géigesaz zu Automobilistinnen an Automobilisten, kee physesche Schutz. D'Statistike sinn alarméierend: wat d'Vitess méi héich ass, wat d'Iwwerliewenschancë méi kleng si:
- Bei 30 km/h: 85 % Iwwerliewenschance
- Bei 50 km/h: 15 % Iwwerliewenschance
- Bei 60 km/h: bal keng Iwwerliewenschance
Tëschent 2014 an 2024 hu 46 Foussgänger*innen hiert Liewe verluer a 438 goufe schwéier blesséiert. Eleng am Joer 2024 ware Foussgänger*innen a 17 % vun den déidlechen an a 15 % vun de schwéieren Accidenter verwéckelt.
D'Ministerin Yuriko Backes erënnert: "Trotz Verbesserunge bleiwen d'Zebrasträifen als Kräizungszonen Risikoberäicher: all Sekonn vun Onopmierksamkeet kann dramatesch Konsequenzen hunn an am schlëmmste Fall e Liewe kaschten. Foussgänger*innen däerfe bei der Verkéierssécherheet net vergiess ginn! D'Sécherheet bei den Zebrasträifen ass eng gemeinsam Verantwortung a fänkt mat erhéichter Opmierksamkeet an opmierksame Bléck un: Automobilisten, Automobilistinnen a Foussgänger*innen mussen d'Opmierksamkeet ënnerteneen deelen, fir Tragedien esou ze vermeiden. All Accident ass eent ze vill, all Affer ass eent ze vill!"
Eng Campagne géint déi alldeeglech Oflenkunge mat fatalen Auswierkungen
D'Campagne, déi op Englesch, Franséisch a Lëtzebuergesch lancéiert gëtt, beliicht dräi allgemeng alldeeglech Verhalensweisen, déi scho banal gi sinn an awer e grousse Risk fir Accidenter duerstellen:
- D'Benotze vum Handy
- D'Droe vu Kopfhörer
- Oflenkungen duerch Bildschiermer an aner Elementer am Gefier
D'Campagne erënnert och drun, datt zwee Drëttel vun den Accidenter tëscht Gefierer a Foussgänger*innen an der Däischtert geschéien. En aneren Aspekt vun der Sensibiliséierung betrëfft also och d'Wichtegkeet vum Droe vu reflektéierender Kleedung oder op mannst reflektéierenden Aarmbänner: eng Moossnam, déi schonn an der Campagne vun 2024 "Sidd siichtbar – Soyez visibles" thematiséiert gouf.
Eng grouss Diversitéit u Supporte gouf entwéckelt, fir ab dem 27. Oktober 2025 déi breet Bevëlkerung ze sensibiliséieren: iwwer sozial Netzwierker, am Kino,Fernseh, iwwer Web-Banneren, Reklammen an d'DOOH-Bildschiermer.
Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten; La Sécurité Routière ASBL; Police Lëtzebuerg