Le ministre du Trésor et du Budget Luc Frieden au sujet du projet de budget pour 2004

RTL-Télé Lëtzebuerg: Här Frieden, kennt Der dann elo berouegt an de Congé goen?

Luc Frieden: Berouegt, zum Deel, well et war e schwierege Budget. Wann d’Recetten manner héisch sin, dann muss e kucken wie een deen Budget sou duerstellt, dat en herno awer responsabel ass. Ech mengen dat, wann een eng Croissance vun 2% huet, wann e wees dat een, waat dier den Defizit genannt hut, kann intégral finanzéieren mat deem, waat ee schon ob der Sait laien huet, nämlech mat eiser Budgetsreserve, ech mengen da kann een daat veräntwerten, waat mer viergestallt hun: nämlech eist Haaptziel war d’Gesondheet vun de lëtzebuerger Staatsfinanzen ze halen. Die ass esou, die ass och um Enn vun der Legislaturperiode besser wie am Ufank vun der Legislaturperiode an duerfier kann een, och wann een e bessere Budget nach léiwer gehaat hätt, da kann een mat deem Resultat do zefridde sin.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Et ass jo lo awer net esou wi wann Äer Kollegen net méi gefuerdert hätten? D’Demande vun 23% méi Kreditter gouf ob 2% eroofgeschrauwt. Dier schwätzt vun engem Budget vun der Responsabilitéit. Esou responsabel war d’Demande jo dunn awer net, oder?

Luc Frieden: Jo, mais d’Resultat ass dat wat zielt. Dofier sëtze mir zënter engem Mount, fier d’éischt a bilatérale Gespréicher, dono mam ganze Regirungsrot zesummen a jiddfereen war sech bewosst, dat wann mer net wëllten an eng néi Politik era goen, déi ging d’Staatsfinanzen an Gefor brengen, och fier di nächst Joeren. Well wann een e Budget mécht, dann muss een och un déi zwee nächst Joeren denken, well dann geet daat einfach alles net an der Additioun, an dofier huet jidfereen misse Efforte machen. D’Resultat ass do, ech mengen et léisst sech weisen.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Daat heescht den Owend gin et awer Leit, déi warscheinlech net sou frou mat Iech sinn. Kennt der domadder wuel dann liewen?

Luc Frieden: Ech mengen dat de Budget, zwar vum Budgetsminister ausgeschafft get, mais dat en herno vun der ganzer Regirung gedroe get, an dat jidfereen mat deem Resultat muss kenne liewen, och wann selbstverständlech jidfereen eng ganz Réi Punkten huet di e lo  net an der Vitesse réaliséiert kritt, wéi e gären hätt. Mais mir hu Prioritéite gesat an di Prioritéite waren den Sozialbudget - dee klemmt iwregens em 4,7%, méi wéi duebelt vun der Croissance vum Budget - doranner waren, daat ass nämlech och wichteg wéint dem Konsum, d’Ausgaben vun de lëtzebuerger Résidenten, dann waren d’Investitiounausgaben déi mer wollten ganz héich halen, well dat ass wichteg fier d’Betrieber hei am Land, a fier eist Land als  Wirtschaftsstanduert fit ze machen - déi klammen em 8,8%, dovunner profitéieren nämlech eng Réi Ministären, dofier sin Prioritéiten gesat gin. Dat Ziel hun ech emmer rem fixéiert an dofier mengen ech, kenne mer mat manner Recetten, di mer net därfe vergiessen, dat Resultat kollektiv veräntwerten.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Wann ee lo als Privatmann Suen léine geet, da mécht ee jo eng Schold. De Staat awer verschëllt sech anscheinend net, wann en ëmmerhin 200 Milliounen Euro léinen geet. Daat muss Dir eis awer lo erklären, wi dat geet.

Luc Frieden: Ma jo, dat ass ganz einfach. Mir hun dëst Joer eng Schold vun 640 Milliounen Euro. Daat ass Schold aus denen leschte Joeren, voire Joerzéngten, die mer lo mussen zeréckbezuelen. Die get dest Joer 2003 ob d’Héicht vun 200 Milliounen zréckbezuelt. Die Suen, iwregens fier zreckzebezuelen, di hu mer schon. Di hu mer ob d’Sait geluet, di sin ob eisem Spuerbuch. Lo bezuele mer dat zréck, dann hu mer nach 440 Millioune Schold. Elo léine mer d’nächst Joer fier de Stroossebau a fier de Schinnebau ze finanzéieren néi 200 Milliounen, dat heescht mir kommen ob e Scholdestand, deen net mei héich ass, wi deen dee mer 2003 haten - et sin eppes 2,5% vum PIB - dat ass also wéit aus manner wi all die aner Länner. Et ass och manner wéi am Ufank vun deser Legislaturperiode an duerfier konnt een dat maachen, well mer net di lescht Joeren Schold gemaach hun an lo just Schold machen fier Infrastrukturen déi fir 100 Joer gudd sin.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Trotzdem muss der d’Accisen erop setzen, de Benzin get dofier méi daier, glaich em 7 Cent, ganzer 3 aler Frang. Ob daitscher Sait dogéint, sollen d’Accisen jo eroofgesaat gin, dat heescht do get de Benzin méi bëlleg. Zu Lëtzebuerg get di Differenz mi kleng. Riskéiert der dann net trotzdem mat der Moossnam  grad de Contraire ze erreechen herno, am Endeffekt awer manner ranzekréien?

Luc Frieden: Mir haten e Problem vum Finanzement vum Fonds pour l’Emploi, wou d’Chômeuren driwwer finanzéiert gin, an mir hun dofier gekuckt, wéi kenne mer dat am beschten finanzéieren. Mir hätten di Suen kënnen aus dem Budget huelen, mir hätten nach kënne méi Emprunt maachen. Mir hu gemengt, dat daatheiten eng gudd Moossnam wier, 7 Cent méi um Benzin, da bläiwe mer nach ennert deenen Präisser, déi am Ausland sin. Fuert emol eng Kéier tanken an déi 3 Länner déi ronderem eis sin. Och wann déi géingen liicht erof goen, dann ass nach emmer en Differentiel do. Dobai kennt, dat daat och eppes mam Solidaritéitsgedanken ze doen huet. Déi di eng Schaff hun, déi di Benzin kafe gin, déi kennen och domatter duerch deen dote Steierwee och un déi denken, déi leider keng Schaff hun oder déi rem um Wee ob eng Schaff duerch Beschäftegungsmoossnamen sin. Dobai kennt, dat mer di Contribution sociale och haut schon hun, mir haten dat schon an der Vergaangenheet eng Kéier sou gemaach, a mir mengen dat och déi ökologesch Komponent an déi Pressioun di muar ob Lëtzebuerg kennt, well de Präis sou niddereg ass, dat die domatter liicht manner grouss gin. Dat sin vill Iwerleeungen, déi eis dozou geféiert hun, dat dat do  dee beschte Wee wäer – besser, wéi einfach TVA ze héichen oder eng aner Steier an d’Luucht ze setzen.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Mais trotzdem, Här Minister, fier d’Léit, fier d’Autofuerer, bläiwt et keng gudd Nouvelle. Mais kënnt déi Hausse dann op ee Coup?

Luc Frieden: Dat muss e gesinn am Laf vum nächste Joer, mais déi Hausse kënnt während deem Joer. Ob een daat lo an eng oder an zwou Etappe mécht, dat muss d’Regirung nach festleen.

 RTL-Télé Lëtzebuerg: Un Kritiken, Här Frieden, fehlt et also net. Gräifen mer eis mol den Defizit bei den Krankekeesen eraus. Wie soll deen dann an Zukunft gedeckt gin?

Luc Frieden: Do gin et Procéduren an Kalenneren - Enn des Joers, Oktober, November. Am November kënnt, mengen ech, d’Quadripartite zesummen an déi diskutéiert éischtens emol iwwert d’Situatioun vun de Krankekeesen. Et muss e mol ganz genee erausfannen, wéi héich deen Defizit ass, wou en gennee ass, an dann muss een do mat de Propositiounen kucken. Et ass ganz kloer, dat an dëser schwiereger Budgetssituatioun, wou de Staat ass, déi Diskussioun net kann dozou féieren, dass sech déi Situatioun beim Staat  nach verschlechtert, mais et muss een do lo mol fier d’éischt kucken, wéi d’Situatioun ass a wat fier eng Propositioun am Kader vun deen do viergesinnene Mechanismen ob den Dësch kommen. Dat konnte mer logescherweis lo net diskutéieren, well soss braicht een keng Quadripartite am Hierscht.

RTL-Télé Lëtzebuerg: An een Astellungsstopp beim Staat, bei der Fonction Publique?

Luc Frieden: Mir hun gesot, dat mer welle kucken, dat d’Funktionnementskäschten vum Staat net wuessen. Wann een ob eng Croissance vun 2% vum Budget kënnt, historeschen Déif, Dir hut dat virdrun rappeléiert, da kann een net alles zugläich maachen. Mir hun an deene leschten 3 Joer vill Läit agestallt a hun lo gesot, mir mussen eng Kéier de Point maachen, musse kucken wann een a Pensioun get, ob deen onbedengt ob der Plaz muss agesat gin, hëchstwahrscheinlech ass dat oft de Fall, mais net ëmmer, wann een och zum Beispiel réorganiséiert, esou wéi all Betrieb dat mécht. An dann hun mer gesot mir maachen déi Prioritéiten am Beräich vun der Sécherheet, dofir 50 Polizisten, am Beräich vum Enseignement, well néi Lycéeen kommen, 50 nei Enseignanten, do fuere mer weider mat deem Programm a fier de Rescht maache mer lo mol eng Paus a mer kucken wou mer dru sin, voire wou e kann an déi eenzel Departementer réorganiséieren. Wéi gesot, et kann een net alles maachen, wann een e Budget mécht. Wann der gären gehat hätt, dat mer e Budget präsentéiert hätten, deen em 7 oder 10% geklomme wär, dann hätt e kenne alles maachen. Mir hu gemengt, dass dat an dësen Zaiten net responsabel wär.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Jo, mais à propos, Här Minister, normalerweis war een jo och gewinnt an enger Vierwahlzait speziell Bonbonen auszedeelen. Daat ass des Kéier jo net de Fall. Deet dat dann net elo besonnech dem Koalitiounspartner wéi, dee mer jo wessen, net graad sou gudd den Ament do steet a vlaicht grad elo néidech gehat hätt e wéineg verwinnt ze gin?

Luc Frieden: Dir stellt Iech Froen, déi een sech net stellt, wann een an der Regirung ass, ob manst net wann een als Objektiv huet responsabel mat den Staatssuen emzegoen. Dann muss et engem egal sin, ob d’nächst Joer Wahlen sin, dann muss e kucken dat déi Staatsfinanzen gesond bläiwen, muss een och déi 2 nächst Budgeten am Bléck hun, a muss ee kucken, dat dat, wat e mécht, y compris d’Gesamtbild vum Budget, dat dat muss finanzéierbar bleiwen an duerfier och wann ech ob déi Kritiken kann zereck kommen, mir hun och duerfier konnten en Defizit maachen wat, en fait, keen Defizit ass, well déi Suen do, die hun mer och ob der Sait, déi huele mer aus der Reserve. Daat ass also anescht wéi wann der iwwert Defiziter schwätzt an de Nopeschlänner hei ass et esou wéi wann Dir een Haus baut. Dir huelt di Suen di der verdéngt, vun ärer Paie. Dir léint Suen an an desem Fall maache mer keng zousätzlech Verscholdung, suguer, an deen Defizit kenne mer aus der Staatskees huelen, wou mer eng Reserve obgebaut hun, déi haut ob 560 Milliounen sech beleeft an suguer wa mer also do 80 Milliounen eraushuelen, ass déi nach vill méi héich wie am Ufank vun der Legislaturperiode. Dat ass responsabel regéieren, alles Aneschtes ass selbstverständlech och an der Demokratie  wichteg, mais daat kann een net iwwert de Budget maachen. Anerefalls ass een net ob der richteger Platz, wann een an der Regirung ass an ech mengen och dat dat all de Kollegen an der Regirung hier Meenung war, soss hätten se dese Budget net approuvéiert.

RTL-Télé Lëtzebuerg: Här Minister, merci an eng schéin Vakanz.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour