Suites administratives dans le cadre de l'enquête judicaire sur les attentats de 1985

À l’occasion d’une conférence de presse en date du 3 décembre 2007, le ministre de la Justice, Luc Frieden, a informé des suites administratives qu’il entend donner dans le cadre de l’enquête judicaire sur les attentats de 1985.

Veuillez trouver ci-joint la transcription de la déclaration du ministre:

Luc Frieden: Bonjour Dir Dammen an Dir Hären.

De leschte Weekend sidd Dir informéiert gi vum Procureur d’Etat vu Lëtzebuerg, dem Här Robert Biever, iwwer zwou Verhaftunge bei der Police an iwwert deen uschléissende Verhéier vun deenen zwou Persounen duerch d’Untersuchungsriichterin. Ech stelle fest a begréissen, datt de Justizapparat an d’Kriminalpolice konsequent an deene leschte Joren un der Opklärung vun dëser Affaire ronderëm d’Attentater vun de Jore 84 a 85 geschafft hun an ech hunn och ëmmer déi Efforten ënnerstëtzt, och materieller Natur, déi un eis erugedroe gi sinn, zum Beispill fir international Expertisë mat do an deem Kontext ze maachen.

D’Regierung wënscht sech, datt Liicht an dës Affaire ka kommen. D’Regierung wënscht sech, datt all déi, déi domatter chargéiert sinn, hir Aufgabe sérieux an intensiv viruféieren. Et ass d’Aufgab vun der Justiz - a soss kengem - fir ze décidéiere ween an enger penaler Affaire schëlleg ass oder net.

Ech hunn Iech gesot, an Dir wësst dat, et sinn zwee Polizisten déi de leschte Weekend vun der Chefuntersuchungsriichterin verhéiert gi sinn. An deem Kontext stellt sech fir mech, als dee fir d’Police zoustännege Minister, d’Fro vun der Suspensioun vun dëse Polizeibeamten. D’Suspensioun ass fakultativ am Fall, wou keng Untersuchungshaft vum Untersuchungsriichter décidéiert gëtt. Ech hunn e Sonnden an enger éischter Reaktioun op der Televisioun gesot, zum jetzegen Zäitpunkt, zum jetzegen Zäitpunkt ginn déi Leit net suspendéiert, eng definitiv Décisioun huelen ech an deenen nächsten Deeg, nodeem ech doriwwer mat de Verantwortleche vun där Verwaltung geschwat hunn.

Dat ware meng Wierder a menger éischter Reaktioun e Sonnden. An et ginn a mengen An gutt Grënn, fir sech e puer Deeg Reflexioun ze ginn, fir eng responsabel Décisioun an esou engem Dossier ze huelen. Ech géing Iech gären eng hallef Dose vun dëse Grënn opzielen.

Fir d’éischt stellen ech fest, datt keng Untersuchungshaft décidéiert ginn ass, well keng Verdunklungsgefor an den Aen vun der Untersuchungsriichterin besteet. Dëst Argument gëllt selbstverständlech och bei der interner administrativer Iwwerleeung ob ee Leit suspendéiert oder net. Och de Procureur, deen ech an dëser Fro consultéiert hunn, huet mer gesot, datt fir d’Besoine vun der Enquête eng Suspendéierung net noutwenneg wier.

Zweetens ass dës Affaire anescht wéi anerer wou Suspendierungen am Raum stoungen, well d’Faiten 22 Joer zréckleien an déi zwee Polizisten, soen hir respektiv Chefen, hunn an deene Jore wou se verschidde Fonctiounen an der Police haten, ëmmer eng ganz gutt Aarbecht gemaach.

Drëttens hunn déi zwee Poliziste keen direkte Kontakt mat der Bevëlkerung a si schaffen och net bei der Police judiciaire, der Kriminalpolizei. Deen ee schafft an der Polizeischoul an deen anere schafft an der Unité de garde et de Réserve mobile.

Véiertens, ech konnt keng Suspendierungsdécisioun huelen, esou laang ech net vun de Beschëllegunge vum Procureur an d’Bild gesat gi sinn. Ech sinn en Donneschden, den 29. November vum Procureur vun deenen eenzelne Beschëllegunspunkten informéiert ginn an et fällt Iech als Journaliste sécherlech op, datt de Procureur de leschte Sonnden och weder vu Beschëllegungen, nach vu Bëschëllegunspunkte geschwat huet. En huet mer déi en Donneschde schrëftlech matgedeelt, zwecks méiglecher administrativer Prozedur.

Fënneftens, déi Responsabel vun der Police, hu mer keng Suspendéierung proposéiert. Ech rappelléieren, datt dat eng Facultéit ass, datt also Responsabeler vun enger Verwaltung net dat musse maachen. Si hu mir keng Suspensioun proposéiert.

A schliesslech, an ech mengen och dat ass bei enger sérieuxer a wichteger Décisioun gutt, ech hunn eng ganz Rei vu Consultatiounen, nodeem ech déi chefs d’inculpation matgedeelt kritt hunn, geféiert an ech hunn iwwregens bei deene Consultatioune festgestallt, datt et iwwert déi Fro vun der Suspensioun ganz ënnerschiddlech Meenunge gi sinn, bei deenen Interlocuteure mat deenen ech geschwat hunn.

D’Gesetz gesäit net vir, ween d’Suspensioun am Kader vun enger strofrechtlecher Prozedur kann oder muss décidéieren. Ech kommen dofir zur Conclusioun, datt deen, deen den ieweschte Chef vun der Police ass, de politesche Chef vun der Police ass, datt dee kann esou eng Suspensioun décidéieren. Wa villes och dofir schwätzt an och dofir plädéiert esou eng Suspensioun net ze spriechen, ënnert anerem d’Absenz vu Verdunklungsgefor an d’Tatsaach, datt 22 Joer zréckleien, wat Argumenter sinn, déi och d’Polizeidirektioun an hirer Propositioun virbréngt fir nët ze suspendéieren, esou kommen ech awer zu enger anerer Conclusioun.

Éischtens, d’Natur vun de Beschëllegungen. Et geet hei ëm d’Participatioun un Attentater an de Jore 84 bis 86. Et geet zweetens, och ëm Polizisten. Et geet also ëm Leit, déi beschëllegt ginn am Kontext vun Elementer déi mat Sécherheet ze doen hunn. An d’Police ass nun emol dat éischt Organ am Staat wat fir d’Sécherheet zoustänneg ass. Et muss een also déi Beschëllegunge gesinn am Liicht vun der Aarbecht, vum Beruff deen déi Leit exercéieren. An drëttens, et geet jo och ëm de Ruff vun der Police als Corps an de Ruff vun deene 1.500 Polizisten, déi net beschëllegt sinn an alle Circonstancen ze wahren. Ech wëll net, datt duerch de Fait, datt beschëllegt Leit weider an der Police schaffen, ee Generalverdacht op d’Police fällt oder datt d’Bild entsteet, dat wiere Leit, déi eng extra Protectioun kréien. D’Police hautdesdaags mécht eng gutt Aarbecht an dofir wär de Generalverdacht duebel schlemm.

Mäin éischte Critère an all esou Entscheedungen ass ëmmer fir ze kucken, datt de Respekt an d’Vertrauen an d’Institutiounen an d’Organer vum Staat besteet a bestoe bleift. Eis Institutiounen, eis Organer vum Staat si wichteg. Si sinn déi, déi eist Land trotz allen Differenzen zesummenhält. A mat deem Objektiv, deem Zil wat ech mer selwer ëmmer setzen, fir dem Ruff an der Renommée vun den Institutiounen, an dorënner och der Police, net ze schueden a fir d’Vertrauen an d’Police z’erhalen an ze stäerken, hunn ech gëschter décidéiert, op Grond vun dem Gesetz iwwert d’Disziplin an der Force publique d’Suspendéierungsprozedur géint déi zwee beschëllegt Polizisten anzeleeden. Dës Suspendéierung, also dësen temporaire Verbued schaffen ze goen, ass keen Uerteel iwwert d’Schold oder d’Onschold vun dësen zwee Leit, déi alleng ee Geriicht kann entscheeden.

Am Kontext vun dëse Beschëllegungen huet de Generaldirekter vun der Police, den Här Pierre Reuland, Aussoe gemaach, déi konnten den Androck entstoe loossen, wéi wann hie géing d’Décisioune vun der Justiz, en l’occurence d’Décisioune vun der Untersuchungsriichterin, net géing respektéieren. Ech hunn déi Aussoen, wéi dir och, gelies, an ech stelle fest emol fir d’éischt, datt sech de Generaldirekter vun der Police viru seng Leit als Generaldirekter stellt, och als fréiere Kommandant vun där Spezialeenheet, der Brigade mobile vun der Gendarmerie. Ech kann dat als Chef vun esou enger Unitéit och haut novollzéien. Et ass en Ausdrock vu staarker Solidaritéit, et ass en Ausdrock vun Esprit de corps.

Ech hunn och gelies, wéi dir, datt de Generaldirekter an deem nämlechte Statement awer och gesot huet, datt hien denkt, datt d’Justizautoritéite gewëssenhaft hir Aarbecht dierfe virufueren. Déi Saach ass nämlech e bëssen an der Kommentéierung ënnergaangen.

Trotzdem hunn ech e Mëttwoch, no enger Sitzung an der Commission juridique, der Ëffentlechkeet via Press gesot, datt ech déi Aussoen als net glécklech a net opportun ëmfannen. Dëse Saz ass wéinst der Fonctioun vum Generaldirekter vun der Police, a wéint der Interpretatioun déi ee kann dësem Saz ginn, a mengen Aen als Feeler unzegesinn.

Ech hunn dem Generaldirekter vun der Police dat schonn uganks der Woch ganz kloer an däitlech gesot, an ech hunn him dat och gëschter an engem Gespréich vun zwou an enger halwer Stonn nach eng Kéier, expressis verbis, kloer gemaach. Ech mengen esouguer, datt de Generaldirekter dat och haut esou gesäit. Ech hunn duefir och d’Décisioun geholl dem Generaldirekter wéinst dësen Aussoen eng schrëftlech Réprimande auszeschwätzen. Ech hunn de Generaldirekter vun der Police doriwwer an d’Bild gesat. Dës Zurechtweisung schéngt mir eng appropriéiert Sanctioun wéinst dësen Aussoen do ze sinn.

Ech hun de Generaldirekter och ugewissen sech net méi, weder am Corps nach an der Ëffentlechkeet, zu dëser strofrechtlecher Affaire ze äusseren.

Ech géing awer och gären dräi zousätzlech Punkten an dësem Kontext präziséieren, déi oft net gewosst, oder net präziséiert ginn. Do muss ee wëssen, datt de Chef vun der Police, de Generaldirekter vun der Police, keen Zougank, a kee Weisungsrecht an enger geriichtlecher Untersuchung op d’Kriminalpolizei, op d’Police judiciaire, huet. Enquêteure vun der Police judiciaire kréien hir Uweisungen alleng vun dem Untersuchungsriichter.

Eng aner Remarque an deem Kontext déi mir wichteg schéngt ass, drop hinzeweisen, datt an deene leschte Joeren, an och an deene leschte Méint, dës Enquête intensiv och an der Police gemaach ginn ass, also an deene Joere wou den Här Reuland Generaldirekter war, an dës Enquête huet keng Stéierung erlidden. Si ass vun der Police, vun der Police judiciaire esou gemaach gi wéi d’Untersuchungsriichterin dat gäre gehat hätt, an déi Enquêteure wäerten och an Zukunft esou weiderfueren, esou laang wéi d’Justiz dat vun hinne verlaangt.

An eng drëtt Observatioun ass déi, datt contrairement zu deenen zwee Polizisten, den Här Reuland, dee net beschëllegt ass. Den Här Reuland huet mir confirméiert, datt hie sech zu jidder Zäit zur Dispositioun vun de Justizautoritéiten hält. Hien ass, wéi eng ganz Rei aner Offizéier vun der Police a vun der Gendarmerie an deene leschte Méint an och Joeren vun den Enquêteuren, a vun der Untersuchungsriichterin gehéiert ginn. Ech hunn och dem Här Procureur nach eng Kéier dëse Wëllen vum Här Reuland sech zur jidder Zäit zur Dispositioun vun der Justiz ze halen, matgedeelt.

De Generaldirekter Reuland huet an deene Joere wou ech fir d’Police zoustänneg sinn, also zënter 2004, eng exzellent Polizeiaarbecht gemaach. An ech hätt gären datt hien déi Aarbecht ënnert menger Autoritéit géing viruféieren.

Déi Décisiounen déi ech geholl hunn, no Iwwerleeung, no Analys souwuel vun den inhaltlechen Elementer, wéi vun de komplizéierte prozedualen Aspekter, ware keng einfach, an ech hu se net liichtfankeg geholl. Ech hu se geholl well ech gären hätt, datt eis Staatsorganer esou fonctionnéiere wéi mir dat kënne vun hinnen erwaarden, konform zu de Gesetzer, ouni Ausnahm mussen déi vu jiddwerengem respektéiert ginn.

Ech weess, datt vill an a ville Richtungen an dësen Deeg spekuléiert gëtt. Ech mengen, mir sollten d’Justiz hir Aarbecht maache loossen. D’Justiz, dat heescht d’Geriichter, onofhängeg Geriichter décidéieren alleng iwwer d’Schold an Onschold vu Mënschen. Ech mengen, datt d’Police an d’Justiz zu Lëtzebuerg hir Aarbecht gutt a gemäss de Gesetzer maachen. Se verlaangen duefir eise vollste Respekt an eis Ënnerstëtzung, och a Momenter wou jiddweree gären do mat diskutéiert.

Ech mengen, datt d’Lëtzebuerger kënnen hiren Institutioune vertrauen, an ech hätt och gären, datt dat esou géing bleiwen. Merci.

Dernière mise à jour