Perturbatioun vu verschiddene staatlechen Internetsitten (2)

No der DDoS (Distributed Denial of Service) Cyber-Attack, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Internetsitten inaccessibel sollte gemaach ginn, koum am Laf vum Nomëtten eng Cellule de crise ënnert der Leedung vun der Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin, zesummen.

Entspriechend dem "Cyber" Plang, an no enger genauer Evaluatioun vun der Situatioun, huet d'Cellule de crise eng operationell Zell opgestallt. Dës besteet aus Experten, déi d'Situatioun permanent suivéieren an déi néideg Moossnamen huelen.

Communiqué vun der Cellule de crise

Aktualiséiert