Nationale Commemoratiounsdag

Den Nationale Commemoratiounsdag honoréiert d'Solidaritéit an de Courage vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Occupatioun vun 1940 bis 1945. Aus dësem Ulass waren etlech Zeremonien de 7. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg virgesinn.

  1. ©SIP / Charles Caratini

    Niderleeë vun engem Blummenkranz um Kanounenhiwwel
  2. ©SIP / Charles Caratini

    S.K.A. de Groussherzog fänkt d'Gedenkflam un
  3. ©SIP / Charles Caratini

    Den Xavier Bettel, S.K.A. de Groussherzog am dem Étienne Schneider um Kanounenhiwwel
  4. ©SIP / Charles Caratini

    S.K.A. de Groussherzog beim ënnerschreiwen vum Gëlle Buch
  5. ©SIP / Charles Caratini

    Zeremonie beim Monument fir d'Affer vun der Shoah
  6. ©SIP / Charles Caratini

    Xavier Bettel bei senger Ried beim Monument fir d'Affer vun der Shoah
  7. ©SIP / Charles Caratini

    Blummenkranznidderléiung bei der Gëlle Fra, vum Chamberspresident, dem Mars Di Bartolomeo, dem Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel a vun dem Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg
  8. ©SIP / Charles Caratini

    Nidderleeë vu Blumme virum monument national vun der Resistance an der Déportation
  9. ©SIP / Charles Caratini

    Xavier Bettel bei senger Ried beim Monument national vun der Resistance an der Déportatioun
  10. ©SIP / Charles Caratini

    Nationale Commemoratiounsdag, Gëlle Fra
  11. ©SIP / Luc Deflorenne

    Xavier Bettel während senger Ried bei der Gedenk- an Erënnerungszeremonie am Dikrecher Lycée

 

Zeremonie beim nationale Monument vun der lëtzebuergescher Solidaritéit (Kanounenhiwwel)

Bei senger Arrivée um Boulevard F.D. Roosevelt, ass S.K.A. de Grand-Duc vum Chamberspresident Mars Di Bartolomeo, de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, de Vizepremier- a Verteidigungsminister, Étienne Schneider, d'stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an de Chef vum Etat-Major vun der lëtzebuergescher Arméi, de Generol Alain Duschène empfaangen ginn.

No senger Arrivée um Boulevard F.D. Roosevelt huet de Staatschef ee Blummekranz virum Monument niddergeleucht, an duerno d'Gedenkflam ugefangen.

Duerno, ass S.K.A. de Groussherzog an d'Monument eragangen fir d'Gëlle Buch ze ënnerschreiwen.

Nodeem S.K.A. de Groussherzog d'Monument verlooss huet, huet hien d'Fändeldréier, déi lëtzebuergesch Autoritéiten, d'Ambassadeuren, Membere vum Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich, wat sech aus Resistenzler, Zwangsrekrutéierten, an den Affer vun der Shoah zesummesetzt begréisst.

Zeremonie beim Monument fir d'Affer vun der Shoah

Am Kader vum Nationale Commemoratiounsdag sinn Blummen virum Monument fir d'Affer vun der Shoah um Boulevard Roosevelt an der Stad néiergeluecht ginn. D'Gerben sinn vum Chamberpresident Mars Di Bartolomeo, dem Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, der stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, an dem Präsident vum Consistoire israélite, dem Albert Aflalo néiergeluecht ginn.

Eng Ried an d'Gebiet goufe vum Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, dem Alain Nacache, gehal an uschléissend huet den Premierminister Xavier Bettel eng Ried gehalen.

Nidderleeë vu Blumme virum Monument du Souvenir (Gëlle Fra)

Et sinn ënnert anerem Blummenkränz virum Monument du Souvenir niddergeluecht ginn, dat vum Chamberspresident, dem Mars Di Bartolomeo, dem Premier- a Staatsminister, Xavier Bettel, dem Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, dem Verteidigungsminister, Étienne Schneider, dem Chef vum Etat-Major vun der lëtzebuergescher Arméi, de Generol Alain Duschène an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, Philippe Schrantz.

Zeremonie beim Monument national vun der Resistenz an der Deportatioun (Hinzerter Kräiz)

De Premierminister, Xavier Bettel huet eng Usprooch beim Monument national vun der Resistenz an der Deportation gehalen.

Ee Vertrieder vun der kathoulescher Kierch, de Generalvikar Léo Wagner, de Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, den Alain Nacacha an de Paschtouer vun der protestantescher Kierch zu Lëtzebuerg, de Volker Strauss hunn duerno d'Graf beim Monument national vun der Resistenz an der Deportation geseent.

Blummekränz sinn do vum Chamberspresident Mars Di Bartolomeo, dem Xavier Bettel an dem Lydie Polfer niddergeluecht ginn.

Gedenk- an Erënnerungszeremonie am Dikrecher Lycée

Eng Gedenk - an Erënnerungszeremonie huet am Lycée Classique vun Dikrech stattfonnt, a Präsenz vum Chamberspresident, dem Premierminister an de Regierungsmemberen, den nationalen Autoritéiten, den Ambassadeuren, dem Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich, souwéi Schüler aus dem Lycée. 

Um Programm vun der Zeremonie stoungen Riede vum Mars Di Bartolomeo, dem Xavier Bettel, dem Direkter vun dem Dikrecher Lycée, dem Marcel Kramer, dem Buergermeeschter vun Dikrech, den Claude Haagen souwéi vum President vum Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich, dem Josy Lorent. Et war och eng musikalesch Begleedung vun der Chorale vum Dikrecher Lycée, der Sopranistin Danièle Platz an der Saxophonistin Nadine Kaufmann wéi och szenesch Virliesungen vu Schüler aus dem Lycée virgesinn.

 

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht

Aktualiséiert